Allez Tiago, huel se!
17 November 2022
Dëse Summer huet eise Jugendspiller Tiago Pereira Cardoso en Kontrakt bei Borussia Mönchengladbach ënnerschriwwen.
Zu Gladbach spillt hie reegelméisseg an der U17 a war viru kuerzem als 3. Goalkeeper bei der Gladbacher Bundesliga.
Elo gouf den Tiago vum Luc Holtz an den
A-Nationalkader vu Lëtzebuerg nominéiert, vir d'Frëndschaftsmatcher géint Ungarn a Bulgarien.
Mier si richteg stolz op dech Tiago an drécken dier d'Daumen!
Allez Tiago, huel se!